
Néiegkeeten aus dem Spidol
Eisen Menusplang vun der Woch
Sprangprozessioun 2020
D'Mataarbechter vum Eechternoacher Spidol hunn fir d'Bewunner eng "intern Sprangprozessioun" organiséiert.
Dat am Respekt vun den "Gestes barrières" an ouni extern Persounen.
E ganz grousse Merci fir deen Engagement.
Eis nächst Fester
Duerch déi aktuell Situatioun, gesi mir eis gezwongen
all Manifestatioun an Excursioun bis op Weideres ofzesoen.
Och d'Summerfest 2020
ass annuléiert.
Mir soen Iech Merci fir Är Verständnes an hoffen geschwënn
nees gemittlech Stonnen zesummen verbréngen ze kennen.
Musek am Goard
D'Bewunner vum Eechternoacher Spidol soen dem Trombonnen-Quartett vun der Lëtzebuerger Militärmusek villmools Merci fir dee schéine Concert.
Musek am Goard
D'Bewunner vum Eechternoacher Spidol soen den Enseignant'en vun der Eechternoacher Musekschoul villmools Merci fir dee schéine Mëtteg.