Et geet alles, et muss een näischt: dat ass de Prinzip fir eis Animatiounsprogrammer vun all Dag. Mir bidden de Bewunner vill Méiglechkeeten un fir hiren Dag interessant ze gestalten.

Ergo-Grupp
Eis Ergo-Grupp wëllt besonnesch d’ Kompetenzen an Talenter vun eise Bewunner duerch variéiert Aktivprogrammer ënnerstëtzen an oprecht erhalen: Handaarbechten, Kaartespiller, Konscht-Atelieren.

Oppen Grupp “Wantergaart”
Ween Loscht huet ze spillen, Puzzelen ze maachen, oder einfach eng Taass Kaffi a lëschteger Gesellschaft ze drénken, dee kann dat am “Wantergaart” maachen. Do spillen mir och Bingo.

Demenz-Grupp
An eiser Demenz-Grupp kachen mir eis deeglech Mëtteszopp ënner intensiver Betreiung a mir schneiden d’Geméis fir eis Kichenteam

Fitness
An eisem Wocheprogramm bidden mir och sportlech Aktivitéiten un, wéi Sëtzdanz oder Gymnastik.

 

Animatioun

  • Ënnerhalung

  • Gedächtnistraining

  • Fitnessprogramm