Matt elo 56 Bewunner ass d’ Spidol eent vun de klengsten Fleegeheimer am Land. Dofir fillen sech eis Bewunner och wéi an enger grousser Famill. Mir intresséieren eis fir hir Liewensgeschicht a mir hunn eng gutt Relatioun mat hire Kanner an Enkelkanner. Fir déi Leit di keng Famill méi hunn, sinn mir oft eng Ersatzfamill.

Och an eisem Mataarbechter-Grupp gëllen gud Relatiounen. Vill Mataarbechter sinn schonn laang am Haus an si stolz drop jiddereen ze kennen. Di nei Kollegen ginn intensiv agefouert fir dass Sécherheet a Vertrauen entsteet.

Nëmmen zefridden Mataarbechter sinn gudd Mataarbechter. Dat ass fir eis wichteg:

  • Beruff a Famill mateneen ofzestëmmen ass eis e grouss Uleies. Mir offréieren Ganzdags- an Deelzäitkontrakten (50 %, 75 % an 100 %)
     
  • All neie Mataarbechter muss e Programm vun e puer Deeg matmaachen fir sech anzeschaffen. Esou léiert hien all Bewunner an all Eck vum Haus kennen.
     
  • Bei eis kritt jiddereen – no engem mat Succès ofgeschlossenem Stage – en CDI – Contrat à durée indéterminée.
     
  • Den Déngschtplang respektéiert speziell Wënsch déi all Mataarbechter an ee “Wonschplang” androen kann. Fir eng Schicht am aktuellen Déngschtplang auszetauschen, ass kee Problem.
     
  • D’ Basis vum Aarbechtsrecht ass di Lëtzebuergesch Legislatioun. Eis Paien inklusiv Primen fir Sonndes-, Feierdaags- an Nuetsaarbecht entspriechen deenen vum aktuellen SAS Tarifkontrakt.
  • Weiderbildungen sinn eis wichteg an dofir hunn mir ëmmer en oppen Ouer. Eis Mataarbechterinnen a Mataarbechter bespriechen hir Theme-Wënsch fir Weiderbildungen mam Chef vun hirem Departement.
     
  • Iechternach ass no bei der Grenz (vun Däitschland) an ass eng europäesch Stadt. Bei eis schaffen souwuel Lëtzebuerger ewéi vill Léit aus der Grenzregioun.
     
  • Bei eis schwätze mir lëtzebuergesch. Fir di däitsch Mataarbechter aus der Grenzregioun ass d’Sprooch dofir kee Problem. D’Formulaire si meeschtens op Däitsch a Franzéisch. Eis Mataarbechter mat enger anerer Mammesprooch ënnerstëtze mir gären beim Léieren vum  Lëtzebuergeschen. Och eis Bewunner am Spidol schwätzen bal all lëtzebuergesch, mä Bewunner mat anere Mammesproochen si selbstverständlech wëlkomm.