Mir freeën eis Iech matdeelen ze kennen, dat d'Regierung nees Visitten an Alters- a Fleegeheimer zouléisst.

Well de Confinement nach net opgehuewen ass, sinn des Visitten nëmmen ënner strengen Sécherheetsmesuren méiglech.

D'Spidol huet a kuerzer Zäit en "Espace Visiteurs" geschaaf, andeem eis Pensionnairen hier Familljen nees kenne begéinen.

All Visitt muss ugemellt ginn! Eng spontan Visitt ass net méiglech!!

Well d'Sécherheet an d'Gesondheet vun eise Pensionnairen déi heegste Prioritéit huet, bieden mir Iech déi Prozeduren ze respektéieren an och anzehalen. 

Mir soen Iech villmools Merci fir Är Verständnis.

 

Di besonnesch Atmosphär an deen oppene Geescht vun eisem Haus offréiert de Bewunner, deenen déi hei op Besuch kommen an deenen déi hei schaffen e familiär-frëndlech Heem fir ze wunnen, ze liewen an ze schaffen.

Fir knapps 60 Leit ass d’ Spidol Iechternach hiert Doheem fir ee néien Abschnitt vun hirem Liewen. Hei huet jiddereen d’ Méiglechkeet fir säi Liewen esou ze gestalten wéi et him passt. Eis Mataarbechter, vun der Verwaltung, eis Infirmieren an Infirmièren, eis Thérapeuten, eis Equipen vun der Kichen an der Botz, bidden de Bewonner deen néidegen Service un fir op d’ Wënsch an d' Besoin’ en vun dem Eenzelnen anzegoen.

Wëllt Dir eis kenne léiren? Da kommt ganz einfach Mëttwoch nomëttes an eis Kaffisstuff, oder maacht e Rendezvous of fir datt mir Iech eist Haus perséinlech virstellen.

Mir freen eis op Iech!