Mir vun der “Amicale Eechternoacher Spidol” A.s.b.l. bekëmmeren eis als gemengnëtzlechen Veräin ëm vill Evenementer fir den Openthalt vun de Bewunner vum Spidol méi intressant ze gestalten. Zënter 20 Joer organiséieren mir Fester, Ausflich, Concertsowënter, Théaterbesich an nach villes méi.

Evenementer:

  • jidwer Woch: Kaffisstuff
  • jidwer Mount: Gebuertsdaagsfeier vun eise Bewunner
  • Dréikinnegsdaag-Feier
  • Foasicht am Spidol
  • Mammen- a Pappendaagsfeier
  • Barbecue (Grillen) am Park
  • Gedenkdaag un eis verstuerwe Bewunner
  • Beaujolais-Owend
  • Niklosfeier
  • Virowendmass vun Ouschteren, Pëngschten, Chrëschtdag
  • Réceptioun mat Crémant fir Neijoersdaag an National Feierdaag
  • Verschidden Themen-deeg: Letzeburger/Portugisischen Owend

Hausconcerten:

  • Spektakel vun de ‘ Echternoacher Qaichleken ‘
  • Musik- an Gesangveräiner
  • Pianos Concerten
  • EME

Ausflich:

  • Théaterbesuch am Veräinshaus
  • Oktavmass an der Muttergottes Kapell
  • Willibrordusoktav an der Basilika
  • Muttergottesoktav an der Kathédral, Besuch um Maertchen mat Owesiessen
  • Sprangprozessioun
  • Mam Schëff ‘ Marie-Astrid ‘ op der Musel
  • Restaurant- an Terrasse Besuch zu Eechternoach
  • All Mount Besuch vum Moart
  • Ausflich mat der Päerdskutsch fir Rollstill

Doniewend offréieren mir e finanziellen Beitrag beim Kafe vun Miwwelen, Gesellschaftsspiller, Material fir d’Animatioun an fir den Ennerhalt vun der Kapell am Spidol.

Mir suergen och fir kleng Kadoën fir eis nei Bewunner, fir Gebuertsdaagskanner, fir Niklosdaag, fir Mammen- a Pappendaag.