Trefft Iech mat Ärer Famill an Äre Frënn an eisem Haus, wéini oder wou Dir wëllt: an Ärem Appartement, um Balkon, am Wantergaart oder eisem schéine Park. D’Spidol bidd fir Grouss a Kléng eng agreabel a privaat Besuchs-Atmosphär.

Är Familjen sin bäi alle Fester wëllkomm. Och op deene gewéinlechen Deeg, kënnen Är Leit bäi eis iessen, nodeems sie sech virdrun ugemellt hunn. Kaffi an erfrëschend Gedrénks kritt Dir ëmmer bäi eis am Foyer.

Wann Dir eng kléng Familjefeier hei oganiséire wëllt, stelle mir Iech gären Raum, Iessen, Gedrénks a Geschiir zur Verfügung.

Service fir de Besuch

  • Service bäi Fester
     
  • privaat an öffentlech Plaatzen fir de Besuch.