Am Spidol schaffen mir net no engem fest definéierten Fleegekonzept. Mä d’ Ufuerderung vu jiddwer Bewunner bestëmmt eng individuell Fleeg a Betreiung.

Di meescht vun eisen Mataarbechter sinn dofir a verschiddenen Fleegekonzepter ausgebilt. Sie hunn all un diversen Formatiounen deelgeholl. Jiddwer Mataarbechter huet eng Formatioun a Palliativfleeg ofgeschloss. Mir maachen och Biographie-Aarbecht fir esou an der individueller Betreiung vun eise Bewunner op Erënnerungen opzebauen.

Mir ginn jidderengem déi Hëllef, déi hie braucht. Mä mir förderen ëmmer virun allem di eegen Ressourcen, déi eis Leit hunn. Hir Selbststännegkeet ze erhalen ass eis iewescht Maxim.