Dir wëllt eis aktiv ënnerstetzen?
Fir all eis Aktivitéiten ze réaliseiren, si mir op éirenamtlech Hëllefspersounen ugewisen. Dir intresséiert Iech fir eis aktiv ze ënnerstëtzen?
Dann hëlleft eis – ob regelmässeg oder punktuell, z.B.
- beim Bedreiwen vun eiser wöchentlecher Cafeteria
- als Begleedung bei Ausflich
- als Hëllef oder Matorganisator bei Fester an Evenementer
Ganz no äre Méiglechkeeten kënnt Dir eis hëllefen fir de Bewunner vum Spidol e schéint an interessant Liewen unzebidden.