D’ Liewen am Spidol ass voller Ofwiesslung. Am Laf vun all Daag a Woch offréieren mir villerlee Aktivitéiten an eisem Haus.

Dobäi kann jiddereen säin Alldag ganz no sengen individuellen Wënsch a Méiglechkeeten gestalten. Egal op Gaardenaarbecht, Fitness, Liesen, Spadséiere goen oder selbststänneg mam eegenen Auto bei Frënn oder Famill fueren.
 
Eis Leit an hir Familljen besichen gären den Zentrum vun Iechternach mat senge Geschäfter, Restauranten, dem Trifolion a villen Summeraktivitéiten déi all liicht zu Fouss ze erreechen sinn. Mir maachen eist Bescht fir all d’ Wënsch vun eise Bewunner ze ënnerstëtzen.

Ausflich
Mol eraus kommen an eppes anescht ze gesinn ass gutt fir eise Geescht. Dofir ënnerhuelen mir vill: Ausflich mat verschiddenen Bus-Entreprisen oder eisem eegenen Minibus, mat der Marie-Astrid op d’ Musel fueren, a klengen Gruppen op de Maart oder fir anzekafen an e groussen Shoppingzenter goen.

Eis Bewunner freeën sech ëmmer extra fir an d’ Oktav ze fueren mat engem Besuch um Mäertchen. Mir sinn och frou, wann een vun ärer Famill matkommen wëllt.

Fester feieren
Fester feieren wei se falen ass an eisem Joresrythmus e wichtegen Punkt. Natiirlech feieren mir Niklosdag, Chrëschtdag, d’ Fuesend, Ouschteren, Gebuertsdag asw

Fir di grouss kierchlech Fester gëtt et no der Mass e Pättchen Cremant mat Amuse-bouchen. Op Neijoerschdag an Nationalfeierdag invitéiert eis “Amicale” (virum Mëttegiessen) op den Aperitif. Oft trieden och lokal Gruppen mat enger spezieller Show op z.B. d’ Guidentrupp vun de “Eechternoacher Quaichleken”

E besonnechen Daag am Mount ass d’Gebuertsdagsfeier. Hei ginn all Gebuertsdagskanner vum aktuelle Mount gefeiert a beschenkt.

D’ Haaptattraktiounen sinn eis beléiften Summerfest mat live Musek am Zelt dobaussen am Gaart an eis Chrëschtfeier am groussen Restaurant.

Fir all di Fester ass är Famill ëmmer wëllkomm fir mat ze feieren.

 

Fräizäit, Feieren, Amusementer

  • villerlee Fester am Haus
  • vill Ausflich
  • Individuell Optiounen fir d’ Fräizäit