Dag a Nuecht kritt Dir bei eis Betreiung an Hëllef. Mir hëllefen Iech wann Dir Ënnerstëtzung braucht a këmmeren eis ëm är Gesondheet. Ronderëm d’ Auer ass ëmmer eng diploméiert Infirmière do, ënnerstëtzt am Dag vun Aide-soignanten. Mat ärem Alarm-Bracelet hutt dir ëmmer an iwwerall Méiglechkeet em Hëllef ze ruffen.

Di meescht vun eisen Mataarbechter sinn a verschiddenen Fleegekonzepter ausgebilt. Jiddwer Mataarbechter am Beräich vun der Fleeg huet och d’ Formatioun vun Omega 90 ofgeschloss. Ma mir halen net stur un enger Fleegephilosophie fest. Fir eis ass dat Wichtegst jiddwer Bewunner déi Hëllef ze ginn, di hie brauch an hien ëmmer an deene Saachen ze förderen, déi hien nach selwer maachen kann. Déi  Selbststännegkeet ze erhalen ass eis absolut wichteg.

Dement Bewunner integréieren mir an eisen Alldag. Si huelen Deel un allen Fester, Aktivitéiten an Ausflich. Dobäi ënnerstëtzen mir si mat aller Hëllef, déi si brauchen. Eise protegéierten Iessraum “Kichen” ass fir all déi do, di beim Iessen Ënnerstëtzung néideg hunn. Di dement Bewunner kënnen sech fräi am Haus, ganz no hiren Méiglechkeeten beweegen. Just eng Schell un hirem Alarm-Bracelet mëllt eis wann si d’ Haus verloossen wëllen.

Gutt Fleeg a Betreiungsqualitéit

  • Betreiung duerch diploméiert Infirmièren
  • Aide-soignanten m + w
  • Ergotherapeuten
  • medezinesch Betreiung duerch ären Iechternacher Dokter
  • Massagen
  • Pédicure
  • Coiffeurssalon