Den Ursprong vum Spidol geet zréck op d’Zäit vum Hellege Willibrord, deen angel-sächseschen Missionar, deen d’Klouschter am Joër 698 gegrënnt huet. Deemols war d’Hospiz fir den Openthalt vu Pilger bestëmmt, spéider fir krank an aarem Leit. Dëst Spidol gëllt als eent vun den eelsten teschent der Meuse an dem Rhäin.

Am Ufank vum 13. Jorhonnert huet en Eechternoacher Biirger en neit Hospiz um Fouss vun der Poarkiirch gestëft. Et hung nach ëmmer vun der Abtei of a war dem Hellegen Georges geweiht.

Am 18. Jorhonnert ass d’Spidol ënnert d’Leedung vun der Gemeng komm, déi am Joer 1796 eng administrativ Kommissioun vu 5 Memberen un d’Spëtzt gesaat huet. Vun do un hun Schwesteren vun de Borromäerinnen sech ëm di krank an eeler Leit bekëmmert. Géint 1900 war d’Spidol deenen neien Konditiounen vu Fleeg an Hygiän net méi ugepasst. Dunn huet de Gemengerot beschloss en neit Hospiz op där heiteger Plaatz ze bauen. No enger kurzer Ennerbriechung während där d’Spidol als Lazarett am éischte Weltkrich benotzt gouf, war di offiziell Aweihung am Joër 1919.

Nom zweete Weltkrich ass d’Spidol nach moderniséiert ginn, mä ufanks de 50er Joëren sin dat chirurgescht Département an d’Maternité zougemaach ginn, an dunn hunn d’Fleegeschwësteren Iechternach verlooss.

Géint d’Enn vun den 90er Joëren ass d’Gebäi du nach eng Kéier komplet ëmgebaut ginn, an dat fréier Spidol gouf an e Fleegeheem fir betreit Wunnen ëmgewandelt.