Mir sinn all besonnesch stolz op eis gutt Kichen. Eist Kichenpersonal suergt mat regionalen Produkter fir frësch Ofwiesslung. De Menü vum Dag presentéiert traditionell, awer och vill delikat Mäifel déi Dir vun doheem kennt. Ob einfach Iessen oder fein franséisch Kichen – eise Mëttesdësch léist näischt ze wënschen iwwereg, well eis Bewunner och hir Iddien a Virschléi presentéieren kënnen. Mathëllefen ass och méiglech bei der Virbereedung an der Kichen.

A klénger Ronn kachen mir all Dag  zesummen eng Zopp. Eemol am Mount gëtt e Liiblingsrezept vun eisem Kach-Grupp gekacht, dat dann zesummen giess gëtt.

Eise kulinareschen Oflaf vum Daag:

Fréistéck
Mat frëschem Gebäck, Uebst, Kaffi, Téi, us etc. – op Wonsch am Zëmmer oder zesummen an der “Stuff”

Mëttegiessen
Mir zervéiren e 4- Plats Menü an eisem Restaurant

Nomëttes-Kaffi
Mat Gebäck an eisem Wantergaart

Owesiessen
Mat regionaler Wurscht, Ham a Kéiss vum Buffet

Ganz beléift sin och eis hausgemachten Taarten, déi all Mëttwochs an eiser Cafeteria, um Week-End oder fir Gebuertsdeeg zervéiert ginn.

Wien owes nach gären e Pättchen Wäin oder e Glas Béier als “Betthupferl” wëllt, kann dat um Zëmmer oder a geselleger Ronn am Wantergaart maachen.

Exzellent Kichen

  • regional Produkter a Liferanten
     
  • gesond a frësch Préparatioun
     
  • grouss Offer vu Gedrénks, och Wäin a Béier
     
  • eis Kichenteam geet op individuell Wënsch an


Froën oder Wënsch (z.B. fir privat Feieren bei eis am Haus) kent Dir gären un eis Käch oder eis Kichechefin riichten.

 
Eisen Menusplang vun der Woch:

Fréisteck an der Stuff

Mëttegiessen am Restaurant

An eiser Kichen gët all Daag frësch gekacht