D’ Spidol ass e besonnescht an e geschichtlech Haus matzen an Iechternach, nëmmen 350 Meter vum beléiften Maart fort. Seng Situatioun ass zentral an trotzdem eng roueg Plaz am Gréngen. Jiddereen deen hei lieft fënnt am Haus an ronderëm am Park alles, wat ee fir en entspaant Liewen braucht.

D’ Gebai vum Spidol gouf an den 1990er Joren komplett renovéiert. Net nëmmen gouf d’ Architektur vum Gebai ënner der Opsiicht vu “Sites et Monuments” restauréiert, mä et gouf och e Wantergaart mat Glasveranda an e groussen Balkon ugebaut. Elo kritt d’ Gebai vill Luucht eran an et huet een eng schéin Vue op de Park.

D’ Spidol ass geprägt vun senger impressionanter Architektur, sengem stilvollen Bannen-Equipement a sengem Wantergaart mat vill Sonneliicht, wat eng eenzegaarteg Atmosphär schaaft.

Vum Keller bis op de Späicher sinn all Etagen a Reim mat Liften an ouni Barrièren ze erreechen.

Eisen ausgedeenten Park a Gaart ass ongeféier 1 ha grouss. Vill barrièrefräi Weeër mat Bänken fir ze raschten, lueden eis op e klenge Spadséiergang an.

Di idyllesch Plaz ronderëm de Sprangbur, dee vun héijen Beem ëmginn ass di Schied spenden, ass beléift bei eisen Bewunner an hirem Besuch fir hei ze rouen oder ze babbelen.

Um Enn vum Park ass e Gedenkgaart mat personaliséierten Gedenksteng déi un eis Verstuerwen erënneren.

Eis nei ugeluechten Pétanque-Piste mat Cocktailbar bidd eise Leit an hirem Besuch sportlech Aktivitéit mat erfrëschende Gedrénkser un.

D’ Spidol ass fréier vun Uerdensschwesteren geleet a geféiert ginn, d’ Kapell ass aus dëser Zäit bal am Originalzoustand erhal. Enn de 90er Joren krut se en néien Foussbuedem, e néien Ustréch an néi Still. Hei fënnt een ëmmer Rou an eng Plaz fir ze meditéieren.

Bewunner an hire Besuch kënnen sech hei hin fir ze bieden zréckzéien oder un der Mass deelhuelen, déi 1x an der Woch  an op kierchlechen Feierdeeg gelies gëtt. Verschidden Bewunner kommen all Dag hei hin, fir di friddlech Stëll vun der Kapell ze genéissen.

Di faarweg Bläifënsteren si vum iechternacher Kenschtler François Gillen geschaaf gin.